Är Kannerkummer

Vu kleng bis grouss

Ob ee klengt Meedchen oder ee klenge Bouf, Studio-Land bitt lauter léif Iddi'en fir eng perfekt Kannerkummer. All eis Kummeren si esou ausgericht fir vill Joren mat Ärem Kand ze wuessen. Mat bis zu 5 Joer Garantie an Nokaafgarantie.

Spillgezei

Fir Äre klenge Fuerscher

Fir Är Kanner och schonns am klengsten Alter ze fuerderen, bitt d'Studio-Land eng Selektioun vu Spillsaache fir Bëbeeën. E Bëbé ass virwëtzeg a wëll d'Welt entdecken. Mat eisem Spillgezei fuerdere mir Är Kand a sengem Fuerschungsdrang.

Autossëtzer

Sécherheet fiert mat

Beim Choix vum richtege Kannersëtz muss een op villes oppassen. D’Auswahl ass riseg an d’Entscheedung fält engem oft schwéier. Et ginn verschidden Hiersteller, Bauaarten, Systemer – Am wichtegsten ass awer natierlech d’Sécherheet. An hei beroden mir Iech gären.

Kannerwon

Buggy'en fir all Liewenslag

De Kaf vu engem Kannerwon soll gutt iwwerluecht sinn. Ob Kombikannerwon, Buggy oder Sportbuggy - de Kannerwon soll individuell op Äert Liewe passen. Mark, Faarf, Gréisst a Material sinn do wichteg Faktore fir de richtege Buggy ze fannen. D'Studio-Land bitt Iech ee grousse Choix u Produiten a berot Iech gären.