Kummeren

Kanner wuessen, eis Kummeren och

Kanner wuessen immens schnell - als Elteren ass een nawell iwwerrascht, wéi schnell déi Kleng grouss ginn. Och wann een sech als Eltere freet d’Entwécklung vu sengem Nowuess ze gesinn, esou ass dat och eng finanziell Belaaschtung. Kleeder, Spillsaachen…an natierlech d’Kummer. Mir bidden d’Zëmmeren, déi esou konzipéiert sinn, datt een se iwwert vill Joren notze kann. Mat bis zu 5 Joer Garantie op der Finitioun an 5 Joer Nokaafgarantie op déi eenzel Modeller. Vum Kand bis zum Jugendlechen.

Pulter

Richteg sëtzen - besser léieren

An der Schoulzäit verbrénge Kanner vill Zäit um Büro: Hausaufgaben, Bastelen oder Computer spillen. Aus dem Grond ass et wichteg, datt Äert Kand sech richteg hält während dëser Zäit. Mat Astellméigelechkeet vun 114cm Kierpergréisst, bis 202cm grouss. Mir beroden Iech gäre fir dat richtegt Pult mat ergonomeschem Stull fir Äert Kand ze fannen

SaveSave

SaveSave

SaveSave